Ech hunn dech gär
heescht dat
friesse kënnt ech dech
well s de lackleg bass
fir dran ze bäissen
a frësch wéi d’Quetschentaart
oder/an
Du méchs mech midd
ma du bass et
du dees mer wéi
ma du bass et
du gëss al
ma du bass et
wann s d’et woors
da bleifs d’et