Juliette François
perform & create music online artists services

home
Cary Greisch
Pol Greisch
Juliette François
Carlo Jans
Bernard Fieschi
Cary Greisch on Facebook

Juliette François

Op dëser Säit gëtt un d'Juliette François (1925-2007) erënnert. D'Juliette war Theaterschauspillerin, haaptsächlech a Stécker vun hirem Mann, dem Pol Greisch. Si huet och an enger Rei vu Filmer matgespillt a war a jonke Joren och Sängerin.

D'Juliette François, gebuer den 23. September 1925 zu Lëtzebuerg, huet als Kand schonn Theater gespillt (Hänsel a Gretel, Max a Moritz), an a jonke Joren Ballet a Gesank (Marguerite Brullez) am Stater Conservatoire (Prix de virtuosité) geléiert. Si ass a ville Concerten als Sopranistin opgetrueden.

Hiren éischte groussen Theater-Optrëtt hat si 1938 am Stéck Mumm Séiss am Alen Theater. Bei der Grënnung 1949 vum Ensembel Les Compagnons de la Scène (Eugène Heinen), aus deem spéider de Lëtzebuerger Theater ervirgaangen ass, wor d'Juliette François mat dobäi. Si stoung an enger Hällewull vu Rollen (franséisch, däitsch a lëtzebuergesch) haaptsächlech am Kapuzinertheater an zanter 1973 am Théâtre Ouvert Luxembourg (TOL) op der Bühn.

Si huet mat hirem Mann, dem Pol Greisch, zu de Grënnungsmembere vum TOL (Marc Olinger) gezielt an ass dacks mat him zesummen a senge Stécker, wéi Besuch, Ënnerwee,Viru mam Jabel, Grouss Vakanz, Margréitchen, De laangen Tour, Kellerzerwiss, E Stéck Streisel oder E Platten, opgetrueden.

An de Filmer Ballade, Déi Zwee vum Bierg an E Liewe laang wor d’Juliette och dobäi. Géint Enn vun den 1990er Joren huet si sech lues a lues aus hirer aktiver Carrière zréckgezunn.

D’Juliette François ass den 15.September 2007 gestuerwen.

 

"Vläicht geet dee leschte géie Wee riicht an d'Trauliicht" (Pol Greisch)

 

 

Serie "Dialogues"

Eng kleng Serie mat Dialogen aus verschiddenen Theaterstécker.

Eng Szeen aus "Ënnerwee" (1978) vum Pol Greisch. Mam Juliette François a Jean-Paul Maes

Eng Szeen aus "Grouss Vakanz" (1980) vum Pol Greisch. Mam Juliette François, Christiane Wirtz a Misch Bock

Eng Szeen aus "Grouss Vakanz" (1980) vum Pol Greisch. Mam Juliette François, Fernand Fox a Misch Bock

Eng Szeen aus "Deen anere Besuch" (1993) vum Pol Greisch. Mam Juliette François a Pol Greisch

Eng Szeen aus "De laangen Tour" (1988) vum Pol Greisch. Mam Juliette François a Claude Schmit

Eng Szeen aus "Margréitchen" (1986) vum Pol Greisch. Mam Juliette François a Pol Greisch

Audio



D'Juliette François séngt "O du mäin am Kamäin" aus der Operett "De Scholdschäin" vum Dicks, begleet vum Orchestre de Radio Luxembourg, dir. Henri Pensis. D'Opnahm ass wahrscheinlech vun Enn de 1940er Joëren.
Archives CNA Luxembourg, collection CLT-UFA.

 

Fotoalbum

Op di kleng Biller klicken fir d'Fotoë mi grouss ze gesinn!

D'Juliette François als Kand (Enn 20er Joren); photo Paul Kutter

D'Juliette François um Piano (ëm 1945)

D'Juliette François zu Bern an der Schweiz (23. August 1946)

D'Juliette François während dem tournage vum Kuerzfilm "Ballade" vum Ed Kohl (1954)

D'Juliette François an de Pol Greisch fir d'éischt zesummen op der Bühn am Dicks séngem Stéck "Den Här an d'Madame Tullepant" (Alen Theater, 1955)

De Pol Greisch an d'Juliette François am Stéck "Op der Kirmes" vum Marcel Reuland (1957-58); photo Paul Rouster

D'Juliette François an de Pol Greisch am Stéck "De Friddche get Dokter" vum Marcel Reuland (1959-60); photo Tony Krier

Den Ugén Heinen, d'Arpa Juncker, de Fernand Fox an d'Juliette François am "Besuch" vum Pol Greisch (1969); photo Tony Krier

Den Ugén Heinen, d'Juliette François an de Fernand Fox am "Besuch" vum Pol Greisch (1969); photo Tony Krier

Den Henri Losch an d'Juliette François am "Besuch" vum Pol Greisch (1969); photo Tony Krier

D'Juliette François an de Pol Greisch ëm 1983 (photo Christophe Olinger)

D'Juliette François ëm 1983 (photo Christophe Olinger)

D'Juliette François am Stéck "D'Phèdre" vum Pol Greisch am Oktober 1992 (photo Christophe Olinger)

D'Juliette François am Stéck "D'Phèdre" vum Pol Greisch am Oktober 1992 (photo Christophe Olinger)

D'Juliette François an de Marc Olinger am Theaterstéck "E Platten" vum Pol Greisch am Oktober 1995 (photo Christophe Olinger)


home Sitemap Contact
Copyright © Cary Greisch
Last modified: 06-11-23 at 17:04:20